Jan 25

- Le Premier ministre Jean-Claude Juncker lors de la réception de nouvel an pour la presse (Luxembourg Government, Jan 7, 2013):

Här President vum Conseil de Presse, léiwe Fernand,
Frënd Minister Fränz,
Dir Dammen an Dir Hären,Et ass eigentlech ni schwéier fir am Ufank vun engem neie Joer eppes ze soe wat iwwert ee ganzt Joer dréit. Mä meeschtens ass dat wat ee seet iwwert ee ganzt Joer beschränkt op dat Joer wat war, well dat Joer wat kënnt gesäit ee jo nëmmen ondäitlech.

Dat Joer wat eriwwer ass, a wann ech mech op d’Press konzentréieren, déi jo awer nëmmen een Deel vun der Lëtzebuerger Realitéit duerstellt, war u sech kee gutt Joer. Mir hu Frënn a Kollegen aus dem Pressewiese verluer, deene mir méi oder manner no stoungen, mä déi awer jiddwereen op seng Fassong a mat senger Eegenaart a mat sengem Temperament, mat sengem Typus ee Stéck Lëtzebuerg duergestallt huet. A déi gi vermësst an déi wäerte feelen an déi wuessen an där Aart a Weis wéi si waren, och net op een natierleche Sprong no.

Et war och ee schlecht Joer, well mir ee ganze Koup, am lëtzebuergesche Sënn vum Wuert Koup, Presseorganer verluer hunn. Et ass ni eng gutt Nouvelle wann ee Presseorgan seng Aktivitéiten astellt. Dat deet ëmmer, wann een d’Zeitunge gär huet, e bësse wéi an och dat ass ee Verloscht deen een ze bekloen huet an dat ass ee Verloscht deen och net kann ersat ginn duerch Neies wat géif spontan nowuessen.

Et war awer och ee Joer wou vill, muenech Presseorganer sech nei ugedo hunn. Ech wëll hei déi eenzel net besichen, muss awer nach eng Kéier soen, datt ech fannen, datt deen neie Journal extrem gutt gemaach ass. Dat ass ee Pleséier fir en an den Hänn ze hunn, net ëmmer ee Pleséier fir mech fir en ze liesen, mä awer ee Pleséier fir en an den Hänn ze hunn. Den Inhalt ass zwar méi wichteg wéi d’Form, mä d’Form ass awer net onwiesentlech, well d’Verhältnis zu den Zeitungen, dat ass och ee Fillen, ee Spieren, ee Richen, ee Bliederen. Woumat ech gläichzäiteg gesot hunn, datt ech kee grousse Konsument vun Online-Déngschter sinn. Well déi richen ech net, och wa si heiansdo schlecht richen an déi kann ech net erueweren, well ech sinn net fräi an der Wiel vun deem wat ech wëll liesen.

Mir sinn an engem Joer ukomm 2013, wat eng besonnesch Bedeitung huet, wann ee sech fir Geschicht interesséiert. Ech sinn e bëssen iwwerrascht driwwer – à moins datt ech dat iwwersinn hunn, mä esou eppes iwwersinn ech selten – datt an der Lëtzebuerger Publizistik sech net mat der Bedeitung vum Joer 1913 a mat deem wat zanterhier geschitt ass beschäftegt gëtt. Ganz am Géigesaz zum Rescht vun der internationaler Publizistik, wou dat een dominéierend Thema vun der Joreswend war.1913, well mir am Joer 13 sinn a well an der Zuel 13 jo Mueneches dra läit. Mir huet d’Zuel 13 iwweregens ëmmer Gléck bruecht, dat wëll ech just als Virwarnung hei soen. Am Joer 13 läit vill Mysteriéises, vill Hannerfrotes an am Joer 1913 ass villes geschitt wat net ouni Parallelen ass mam Joer 2013. Am Joer 1913 war d’ganz Welt der Meenung d’Welt wier an der Rei. War d’Globaliséierung enorm wäit geschratt, méi wäit wéi déi net geschichtskundeg wëssen. Well d’Globaliséierung vum Joer 2013 ass net fundamental verschidden vun der Globaliséierung vum Joer 1913. D’Globaliséierung ass duerch den 1. Weltkrich ënnerbrach ginn an huet rëm réischt zu sech selwer fonnt mat alle Verirrungen déi an der Globaliséierung leien, nom Enn vum kale Krich. Mä wie weess hei am Land nach wat de kale Krich war?

Mä ier et zum kale Krich komm ass, hate mir ee Joer 1913, wou d’Mënsche gemengt hunn de Fridde wier fir éiweg Zäite geséchert. Liest no, bis op ganz wéineg Ausnamen, d’Literatur – besonnesch déi däitsch an déi éisterräichesch an déi slavesch, mat Ausnam vun der serbescher Literatur – vum Joer 1913. Do gesitt Dir eng Friddensgleewegkeet déi ongebändegt war. An déi a kengerlei Hisiicht de Stuerm verroden huet, dee schonn am Joer 1914 iwwert Europa fir d’éischt am éischte Weltkrich a fir d’zweet am zweete Weltkrich eragebrach ass. Dat Joer 1913 huet onendlech vill Parallele mam Joer 2013. Oder d’Joer 2013 huet onendlech vill Parallele mam Joer 1913. Jiddweree wier gutt beroden déi Joere mateneen ze vergläichen, 13 an 13. An déi 100 Joer déi dertëschent leien an och déi Tatsaach ze wierdegen, mat deem ofkléngenden Enthusiasmus deen déi Würdegung mat sech bréngt, datt mir och am Joer 1913 gemengt hunn de Fridden wier definitiv geséchert, well mir deemools 42 Joer Fridden an Europa hannert eis haten. An eis Generatiounen, obschonns si näischt domat ze dinn hunn, bretze sech nawell gären domat, datt mir et nach ni fäerdeg bruecht hunn esou laang Friddensperioden an Europa ze erhalen, wéi déi déi mir hunn. Et ass richteg, si ass méi laang wéi hir Virgängerin vum Enn vum 19. Jorhonnert – an deem 19. Jorhonnert si meng Grousselteren nach gebuer – an deem wat mir elo hunn. D’Saache leien no beieneen an d’Saache beréiere sech wéi ech hoffen op eng net dramatesch Aart a Weis.

Zu Lëtzebuerg – well dat heiten een Empfang fir d’Press ass, dat ass e bëssen ee gelungenen Ausdrock – musse mir eis och mam Pressewiese beschäftegen. De Fränz Biltgen huet dat gemaach. Ech hunn deem wéineg Pinktelcher bäizesetzen, sauf deen, datt mir mar am Regierungsrot iwwert de Gesetzesprojet, deen aus dem Staatsministère kënnt, iwwert den Accès zur Informatioun wäerten diskutéieren a probéieren och dee Projet de loi virum Enn vun dësem Mount op de Wee ze schécken. Dee stéisst natierlech, esou wéi e redigéiert ass an esou wéi mir e scho vrun e puer Méint diskutéiert hunn, op munnech Bedenken. Iwweregens net onbedéngt do wou Dir mengt, datt Dir d’Bedenken an deem méi suggestiven, plakativen, analyteschen Hannergrond virun deem der vill vun Iech fonctionnéieren kënnten unhuelen. Mä dat Gesetz dat kënnt, ouni Sonderbehandlung fir d’Press, dat hunn ech oft genuch ausgefouert, an do geschitt ee Substanzsprong, mat deem d’Verwaltungen, d’Ministèren, d’Ministeren mussen eens ginn a mat deenen d’Press selbstverständlech och muss eens ginn an och déi déi d’Affer gi vun deem séieren Zougang zur Informatioun. An dat sinn eenzel Leit hei am Land, déi sech dann och bei Dérapagë wäerte wëssen ze wieren, well Dérapagë gëtt et selbstverständlech wann een esou eng breet Ouverture mëscht, well ech wëll se ganz breet maachen, wat den Zougang zur Informatioun ubelaangt.

Mir huelen och an den nächste Wochen op Grond vu Viraarbechten déi vum Justizminister, dee jo och Kommunikatiounsminister ass, ee Projet un iwwert een Delontologiescode fir d’Regierung, deen ech awer gäre géif och vergläiche mat deem deen d’Chamber mécht. Wou eng Rei vu wichtege Froen ze kläre sinn. Woubäi mir déi Fro vun der Proximitéit tëschent Minister an der Press léiwer net deontologesch probéieren ze cernéieren. Soss kënnten eventuell déi, déi dee Code de Deontologie zur Applicatioun musse bréngen, ënnert voluminéiser Aarbecht zesummebriechen. Dofir loosse mir dat mol op der Säit a mir rubrifizéieren dat an der Kategorie Press an Informatiounsfräiheet a ginn do net weider dra bliederen. Mä datt d’Regierung een deontologesche Codex muss kréien ass sécher. Ob all Minister ee brauch ass manner evident. Well Deontologie zitt een net aus engem Codex, mä aus senge perséinlechen Astellungen zu de Saachen an zu de Leit.

Ech hätt och gären, datt mir eis dëst Joer méi intensiv mat der Fro “Schoul, Educatioun a Press” beschäftegen. Stéchwuert Presse à l’école, wou jo besonnesch d’Danièle Fonck äifreg täteg ass, ass fir mech ee wichtegt Thema, well ech fannen, datt dat richtegt Aschätze vun deem wat d’Press ass, dat richteg sech mat op den Hannerfroungswee zéie loossen zu deem d’Press ee kann alueden an dat richtegt Léiere vum Ëmgang mat der Press andeem een dat wat ënner investigativem Journalismus leeft an en fait suggestive Journalismus ass, och an der Schoul muss léieren, wéi een domat ëmgeet. Esou datt ech mengen, datt nieft deene Projeten déi de Minister Biltgen genannt huet, och iwwert d’Joer eraus Initiativen mussen développéiert ginn déi hir Wichtegkeet behalen. Well ech mengen, datt d’Pressebild zu Lëtzebuerg ee Brushing brauch, an der Perceptioun vun deenen déi an den nächste Joren appeléiert sinn sech hiert Bild och vun de Saachen a vun de Mënschen iwwert d’Press ze maachen.

Ech wollt Iech am Ufank vun dësem Joer all Guddes wënschen fir Iech a fir déi mat deene Dir frou sidd an déi mat Iech frou sinn. Ech hoffen, datt mir eis a gemittlecher Ronn nach oft erëmbegéinen. Vill vun Iech hunn, andeem si sech gewësse Fräiheete mat der Wouerecht geholl hunn, jo geschriwwen, ech hätt elo erëm Zäit fir d’Land. Ech hunn net méi Zäit fir d’Land, mä ech wäert se besser notzen. Ech wënsche Iech all Guddes fir dat Joer wat kënnt.

Tags: , , , , , , , , , ,

Leave a Reply